Blog
🎙️Samedi dernier, notre présidente Nadine Everling, a eu l’honneur d’être invitée sur le plateau de l’émission « Liewen vir den Veräin » sur Radio 100,7.
Ce fut une magnifique occasion de présenter l’association « Häerz Sport », son histoire, ses débuts, ainsi que ses buts et objectifs. Elle a également mis en lumière toutes les personnes engagées chaque jour pour faire vivre notre association.
« Häerz Sport » est une association dédiée au sport thérapeutique pour les personnes atteintes de maladies cardiaques ou présentant des facteurs de risque. Aujourd’hui, nous sommes très fiers d’accompagner plus de 475 membres grâce à nos activités de sport thérapeutique en phase 3 de la rééducation cardiaque 🩵❤️🩵
Cet échange a aussi permis de revenir sur les belles années passées, mais également de partager notre vision pour l’avenir. Nadine a présenté un aperçu de la grande diversité des activités sportives proposées, tout en rappelant l’importance de rester actif après un incident cardiaque.
Nous avons également profité de cette opportunité pour lancer un appel : nous recherchons des encadrants motivés afin d’assurer nos activités sportives en toute sécurité: médecins, kinésithérapeutes, infirmiers/ières, maîtres-nageurs, coachs-sportifs 💪
Cette rencontre fut une belle opportunité de nous faire connaître auprès du grand public.
Un grand merci à Radio 100,7, et tout particulièrement à Monsieur Luc Melsen, pour son accueil et son invitation. 🙏
#HäerzSport #algsc.lu #SportTherapeutique #RééducationCardiaque #Santé #Luxembourg #Radio100
🎙️Lëschte Samschdeg hat eis Presidentin Nadine Everling d’Éier, als Gaascht an der Emissioun « Liewen vir den Veräin » um Radio 100,7 dobäi ze sinn.
Et war eng flott Geleeënheet, fir d’Associatioun « Häerz Sport » virzestellen, hir Geschicht, hir Ufäng souwéi eis Ziler an Ambitiounen. Dobäi huet si och all déi Leit ervirgehuewen, déi sech all Dag fir eis Associatioun asetzen.
« Häerz Sport » ass eng Associatioun, déi sech dem therapeutesche Sport fir Persoune mat Häerzkrankheeten oder Persounen mat Risikofaktore widmet. Haut si mir ganz houfreg, méi wéi 475 Memberen duerch eis sportlech Aktivitéiten an der Phase 3 vun der kardiologescher Rehabilitatioun ze begleeden 🩵 ❤️🩵
Dësen Austausch war och eng Geleeënheet, fir op déi schéin vergaangen Joren zeréckzekucken an eis Visioun fir d’Zukunft ze deelen. D’Nadine huet en Abléck an déi grouss Villfalt vun eise sportlechen Aktivitéite ginn an dobäi un d’Wichtegkeet erënnert, no engem Häerzvirfall aktiv ze bleiwen.
Mir hunn dës Geleeënheet och genotzt, fir en Opruff ze maachen:
Mir sichen motivéiert Encadranten, fir eis sportlech Aktivitéiten och weiderhin sécher ze garantéieren. Dokteren, Kinésithérapeuten, Infirmiers/ièren, Schwammmeeschter, Coach Sportifs 💪
Dës Begéinung war eng flott Méiglechkeet, eis dem grousse Publikum virzestellen.
E grousse Merci un de Radio 100,7, a ganz besonnesch un den Här Luc Melsen, fir den häerzlechen Empfang an d’Invitatioun. 🙏
#HäerzSport #algsc.lu #TherapeutescheSport #KardiologeschRehabilitatioun #Gesondheet #Lëtzebuerg #Radio100