Den Dauler Fiederball mecht der ALGSC e generéisen Don. Merci !

©Foto Charel Reiser

De Comité vum Dauler Fiederball a.s.b.l. deen ëmmerhin seng Aktivitéiten iwwer méi ewéi 25 Joer entwéckelt huet, ass de 27. Juni 2022 vun der traureger Noriicht iwwerrascht ginn, datt hiren laangjähregen an treie Clubmember a Clubsekretär, den Här Gene Bindels stënterlech verstuerwen ass.
De ganze Comité war sech séier eens, dass de Gene geéiert sollt ginn, an een a sengem Numm een Tournoi misst organiséieren. Dësen ass dann och zu Platen an der Sportshal de Samschden, de 04. Mäerz 2023 gespillt ginn, wou net manner wéi 21 Equippen Erwuessener sech spannend Matcher am Double geliwwert hunn. Moies haten och 7 Jugendspiller d’Chance sech an der Eenzel-Kategorie ze beweisen.
An der Mëttesstonn gouf et déi traditionnell Spaghettien, wou och Spectateuren wëllkomm waren.
De Comité wousst Bescheed, datt den Gene schonns an der Vergaangenheet Häerzproblemer hat, hien huet dat awer mat enger gesonder Liewensweis, mat kengem Gramm Fett a vill Sport a Schach gehalen. Ausserdem war hie Member an der ALGSC, der Association Luxembourgeoise des Groupes Sportifs pour Cardiaques a.s.b.l.
Eise Comité huet sech duerfir entschloss, fir der ALGSC déi komplett Recetten vum catering vum Tournoi ze spenden, an d’Geld gëtt bei d’Uschafung vun engem Défibrilator bäigeluecht.
D’Bild weist d’Chequeiwwerreechung vun ganze 500€ un d’Hären Claude Vandivinit an Roger Muller, Memberen vun der ALGSC.
Een décke Merci wéi all Joer un d’Préizerdauler Gemeng fir d’Verfügbarkeet vun der Sportshal souwéi un den Här Charel Reiser fir d’Foto an d’Publikatioun.

Bei Interessi un eisem Club verweise mir op eis Internet-Säit: daulerfb.com

TN, 27-03-2023