Scheckiwwerreechung zu Gonschte vun eiser Associatioun ALGSC (Lëtzebuerger Häerzsportgruppen) beim Lions Club Luxembourg-Amitié
D’ALGSC hat d’Éier, op Invitatioun, un enger Soirée deelzehuelen, déi dësen Méindeg, den 25. November 2025, vum Lions Club Luxembourg-Amitié organiséiert gouf. Bei dësem häerzleche Rendez-vous, dee ganz am Zeeche vun der Solidaritéit stoung, gouf eis offiziell e Scheck am Wäert vun 5.000 € iwwerreecht. Dëse generéisen Don weist kloer den dauerhaften Engagement vum Lions Club Luxembourg-Amitié fir lokal a…