🩵 Assemblée Générale du 16 mars 2026 🩵

🩵 Am Numm vum Verwaltungsrot vun der Association luxembourgeoise des groupes sportifs pour cardiaques (ALGSC) wëll ech Iech e grousse MERCI 🙏 soen fir Är Präsenz an Är aktiv Participatioun un eiser Generalversammlung, déi gëschter, de 16. Mäerz 2026, am Centre Hospitalier du Nord (CHdN) 🏨 zu Ettelbréck stattfonnt huet.

Dësen Owend war eng Geleeënheet, fir e komplette Réckbléck op déi vill Evenementer an Aktivitéiten am Laf vum Joer 2025 ze maachen, an fir mat Iech eis Perspektive fir d’Zukunft ze deelen.

💝 Äert Engagement an Är Réckmeldunge si vir eis ganz wäertvoll fir d’Weiderkommen vun eiser Associatioun.

E ganz besonnesche Merci geet un d’Madame Hermine Hornick, Diététicienne, fir hir opklärend Presentatioun iwwer d’Erniehrung vu Leit mat Häerzkrankheeten. Hier wäertvoll Rotschléi an hir Expertise goufen vun alle Participanten héich geschat.

Mir haten och d’Freed, Iech eise neie Logo virzestellen, deen eisen Dynamismus an eist Engagement symboliséiert, fir Iech och an Zukunft esou gutt wéi méiglech ze begleeden.

Nach eng Kéier villmools Merci fir Äert Vertrauen an Är Ënnerstëtzung. Zesumme féiere mir eis Missioun mat Begeeschterung an Entschlossenheet weider.

Mat 🩵leche Gréiss

🇫🇷 Au nom du Conseil d’Administration de l’ALGSC, je tiens Ă  vous exprimer ma profonde gratitude 🙏 pour votre prĂ©sence et votre participation active lors de notre AssemblĂ©e GĂ©nĂ©rale, qui s’est tenue hier, 16 mars 2026, au 🏨 Centre Hospitalier du Nord (CHdN) Ă  Ettelbruck.

Cette soirée a été l’occasion de dresser une rétrospective complète des nombreux événements et actions menés tout au long de l’année 2025, et de partager avec vous les perspectives pour l’avenir. Votre engagement et vos retours sont précieux pour la vie de notre association.

💝 Un remerciement tout particulier à Madame, Madame Hermine Hornick diététicienne, pour sa conférence passionnante et éclairante sur la nutrition des personnes cardiaques. Ses conseils avisés et son expertise ont été grandement appréciés par tous les participants.

Nous avons également eu le plaisir de vous présenter notre nouveau logo, symbole de notre dynamisme et de notre volonté de continuer à vous accompagner au mieux.
Merci encore pour votre confiance et votre soutien. C’est ensemble que nous poursuivons notre mission avec enthousiasme et détermination.

Bien 🩵 dialement,

Nadine Everling
PrĂ©sidente de l’ALGSC