ALGSC - NOUVELLES & FAQ

Reprise partielle au NORD

Léif Membere vum Grupp Nord!
Vun e Freideg 12. Juni 2020 un, bidde mir Iech erëm vu 17:00-18:00 Auer en Turn-Cours am Turnsall vun der Primärschoul zu Ettelbréck un.
Well d'Vestiairen an d'Duschen nit dierfe benotzt ginn, biede mir Iech an Ärer Sportskleedung ze kommen a just Är Turnschlappen eréischt am Turnsall unzedoen!

Ausserdeem weise mir Iech nach emol drop hin dat Dënstes an Donneschdes
vu 16:00-17:00 Auer Walking, a vun 17:00-18:00 Auer en Trëppeltour um Fitness Parcours um Fridhaff zu Dikrech ugebueden gëtt!
> cliquer ici

An der Hoffnung Iech zahlreich erëmzegesinn, verbleiwen ech, mat sportleche Gréiss,
Jacqueline